INFOS – Drénkwaasser – eau potable

INFOS – Drénkwaasser – eau potable

🇱🇺 Drénkwaasser Info 🚰🚰 – d’Cuve vum Waassertuerm gi gebotzt sou dat de Préizerdaul während e puer Deeg zu 100% d’Waasser vun der DEA bezitt . MERCI
🇫🇷 Info eau potable🚰🚰 – il est procédé au nettoyage des cuves au château d’eau durant les prochains jours et le Préizerdaul est approvisionné durant cette période à 100% par l’eau de la DEA. MERCI
MERCI un eis Bréifdréiesch Jessica

MERCI un eis Bréifdréiesch Jessica

Läschte Freiden war eiser Bréifdréiesch dem Jessica säi läschten Dag bei eis am Préizerdaul.☺️ Mir soen him villmools Merci fir säin Asaz a seng super Aarbecht, déi hatt ëmmer mat gudder Laun gemaach huet a wënschen him vill Succès a Freed op sengem neien Tour.👏🤞😁

Scheckiwwerreechungen fir insgesamt 46.700€

Scheckiwwerreechungen fir insgesamt 46.700€

De Gemengerot aus dem Préizerdaul huet no senger leschter Sitzung e Mëttwoch op eng Scheckiwwerreechung invitéiert. 0.5% vun de Recettes ordinaires vum Virjoer gi järlech dofir benotzt fir verschidden Associatiounen an ONG’en z’ënnerstëtzen. Insgesamt wor et e Montant vu 46.700€ .
ONG « Komm Hëllef Mat Préizerdaul », Le soleil dans la main, Bonnievale Projects , Fondation Cancer, Kiwanis International an de Centre National pour Victimes de Violences (Croix Rouge), hunn hir Projet’e kuerz virgestallt an no dëser Geleeënheet huet och de Buergermeeschter Marc Gergen alle Participant’e nach eng Kéier Merci gesot fir hir aktiv Mataarbecht. Zum Schluss gouf a gemitlecher Atmosphär op en Eirewäin invitéiert .
Adventsfënster Aktioun huet zesummen 2 278 € erabruecht

Adventsfënster Aktioun huet zesummen 2 278 € erabruecht

OP Initiative vun der »commission communale du vivre ensemble interculturel Préizerdaul » hun nit manner wi 14 Matbierger aus der Gemeng un der Adventsfënster- Aktioun deelgeholl. Am Kader vun enger klenger Feierstonn am Gemengesall am Préizerdaul, konnt de Gesamtbetrag vun ëmmerhin 2 277,97 Euro un d’Vereenegung « OSCAR » zu Réiden iwereecht gin. Zugläich war et och de Comité vun « Chez Mani asbl » déi e Scheck vun 500 Euro, den den Erléis vun hirem Stand beim Chrëscht – Trakterëmzug duerch den Daul duerstellt, an och fir de gudden Zweck weider gin hun. Nodeems dat d’Presidentin Lena Hatto vun der kommunaler Intergratiounskommissioun all dene Leit Merci gesoot huet, fir hirt aktiv Matmaachen, huet d’Renée Fischer di zwéi Schecken am Numm vun « OSCARE » mat hirem grousse Merci entgéintgeholl. D’Haaptmissioune vun « OSCARE » mat hirem Büro zu Réiden/Atert , informéieren, beroden a betreien hëllefsbedürftig Persounen, orientéieren se, wann néideg, un déi richtig Servicer a bidde finanziell a materiell Hëllefe souwéi sozial Begleedmoosnamen un, wou dass Suen och ganz wirkungsvoll agesaat gin. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)

Dem Hilda Muller- Becker zum 85. Gebuertsdag gratuléiert

Dem Hilda Muller- Becker zum 85. Gebuertsdag gratuléiert

Préizerdaul: Ëmmer gut gelaunt an och nach bei gudder Gesondheet, konnt d’Hilda Muller- Becker vu Proz viru kuerzem hire 85. Gebuertsdag feieren. D’Hilda Becker gouf de 16. Dezember 1940 als dat eelst vun zwee Kanner zu Hengescht gebuer. Hier Eltere waren de Leonard Becker an d’Suzanne Stecker. D’Hochzäit zu Pëtscht mam Ady Muller vu Polle (D) war den 12. Abrël 1969. Aus hirem Bestietnis sinn hir zwee Kanner Sonja a Fernand ervirgaangen. Ganz Stolz ass d’Famill Muller- Becker haut op hir véier Enkelkanner. Säit 1974 wunne sie allen zwee an hirem Haus zu Proz am Préizerdaul. Do huet d’ Hilda vun 1974 bis 1989 vill Klienten op hirer Tankstell bedéngt. Haut ass hir Fräizäit och nach gutt gefëllt niewent dem Wanderen, Reesen, Bitzen, Aqua Swim , als Member an der Amiperas Préizerdaul an am Senioreforum Useldeng. Och d’Sangen am Gesangveräin zu Ospern meecht der Jubilarin ëmmer ganz vill Freed. Wéi dat och zur schéiner Traditioun gehéiert, war de Buergermeeschter Marc Gergen a Presenz vu sengem Schëffe Marc Rehlinger bei der Jubilarin zu Proz mat enger gut gefëllter Corbeille virstellig, fir dem Hilda Muller- Becker am Numm vun der Gemeng Préizerdaul Alles Guddes a weiderhin eng gut Gesondheet ze wënschen. Hire Jong Fernand, den och als Schëffen an der Gemeng tätig ass, huet sech dene Gléckwënsch fir seng Mamm och ganz gären ugeschloss. Duerno ass d’Glas erhuewe ginn a mat der Famill op de 85. Gebuertsdag geprost ginn. (CR) (Foto: Charles Reiser)

Happy Birthday am HPPA Réiden

Happy Birthday am HPPA Réiden

             Happy Birthday fir 20 Jubilaren am Home Saint François zu Réiden

Réiden/Atert: Et ass di läscht Gebuertsdagsfeier vun desem Joer bei eis am Home zu Réiden. Mat dese Wieder vu Wëllkomm huet den Home- Direkter Dany Oestreicher d’Jubilaren vun de Méint September, Oktober a November begréisst an hinnen zu hirem Gebuertsdag am Numm vun der Direktioun a gesamten Personal vum Home alles Guddes a weiderhin eng gutt Gesondheet gewënscht. No enger Coupe Cremant sin si och all mat enger Rous an déijéineg mat enger ronner Zuel och nach mat engem Kaddo zousätzlech geéiert ginn. Zesumme mat de Familjen huet jiddereen sech den Teller mam Oweskascht, nieft engem gudde Stéck Kuch a Kaffi och gutt schmaache gelooss. Op di flott Musik vum Romain Thielen, de fir gut Stëmmung am festlich gerëschtem Festsall gesuergt huet ass och zesumme  mam Animatiounsteam, gedanzt gin. Bei deser schéiner Feier si folgend Jubilaren mat engem Happy Birthday, geéiert ginn: Mount September: Coljon Margot (90 Joer), Frank- Bildgen Josephine (84), Konter-Gras Raymonde (91), Peschon- Demuth Renée (85), Deimel-Weissenberger Helga (85), Schuh- Nothum Irma ( 96), Schmitz Léon (83), Simon- Fettes Andrée (81) a Graas- Simon Françoise (70). Mount Oktober: Chaussy Georg (86), Sr. Léonie 91), Braun-Kartheiser Anna (83) a Calmes- Hatz Suzette (99). Mount November : Assen- Moonen Alice (89), Bernard- Käfer Mathilde (85), Assen Martin (93), Schaus Jean (96), Berchem Alphonse (97), Schiltz- Neu Anne (94 a Sanavia Albert (93).(CR) (Foto: Charles Reiser)

Caeciliefeier mat Éierung vu langjährige Musikanten am Préizerdaul

Caeciliefeier mat Éierung vu langjährige Musikanten am Préizerdaul

Di hëlleg Caecilia, Schutzpatrounin vun de Musikanten a Sänger gëtt all Joer och landesweit gefeiert. Och am Préizerdaul ass dest Joer am Kader vun enger Owendsmass, zelebréiert vum Jacques Bagnoud desen Dag gefeiert gin. Fir den musikalischen Encadrement vun der Mass huet di Préizerdauler Musik gesuergt wärend den Ensemble Vocal Préizerdaul zum gesanglichen Deel vun deser Eucharistiefeier beigederoen huet. Beim traditionellen Banquet op der Roudbaach huet de President vun der Préizerdauler Musik, Franz Hilger, drop gehaalen fir allen Musikantinnen a Musikanten mam Virstand a Leit di dat ganzt Joer och benevol ganz aktiv waren, säin oprichtige Merci ausgesprach. Mat besonnescher Freed konnt di nei Musikantin an zugläich och neie Member am Gemengerot, Triniane Esther, och häerzlich begréisst gin. Den neien Startmusikanten ass och vill Freed an Ausdauer bei der Musik gewënscht gin. De Jean- Paul Kinnen, als Delegéierten vun der UGDA huet d’Gléckwënsch vum Zentralcomité vum Verband, der Préizerdauler Musik iwerbruecht an hir an Zukunft mat hirer Jugend weiderhin Zesummenhaalen a Freed mat schéiner Musik an der Gemeng mat op hire Wee gin. Weiderhin huet hien een Opruff gemeet fir sech an de Comité vun der UGDA ze mëllen fir an Zukunft di fräi Plaatzen och können nei ze besetzen. No sengen bäschten Gléckwënsch si folgend langjährig Musikantinnen a Musikanten mat UGDA- Auszeechnungen geéiert gin: de Félix Muller an d’Sarah Els- Lagodny hun eng „medaille de mérite“ en bonze fir 10 Joer ugespëngelt kritt. D’Vizepresidentin Carine Zuang an d‘Jenny Lopes (entschëllegt), béid schon 20 Joer Musikantin, fir si gouf et eng „médaille de mérite en argent“. De Max Els ass fir 30 Joer an der Musik mat der „médaille de mérite en vermeil“ dekoréiert gin. De René Lanners schon zënter 40 Joer aktive Musikant ass mat der „médaille en vermeil avec palmettes“ geéiert gin. Schon 50 Joer laang ass d’Lucia Albergo bei der Préizerdauler Musik aktiv an ass mat der „médaille de mérite en argent Grand- Duc Adolphe“ ausgezeechent gin. Am Numm vun der Gemeng Préizerdaul huet de Schëffen Fernand Müller der Préizerdauler Musik mat dene Geéierten di allerbëschte Gléckwënsch verbonnen mat engem grousse Merci fir d’Engagement iwerbruecht. (CR) (Foto: Charles Reiser)

Geselligt Treffen vun de Joergäng 1944 bis 1950 aus dem Préizerdaul

Geselligt Treffen vun de Joergäng 1944 bis 1950 aus dem Préizerdaul

Et ass schon eng Weilchen hier, dat di fréier Schüler a Schülerinnen vun de Joergäng 1944 bis 1950 aus dem Préizerdaul sech getraff hun. Duefir war et nees un der Zäit fir esou engt Treffen ze organiséieren. Fir Samsdes, den 22. November huet d’Marie- Louise Eyschen- Antony och häerzlich agelueden fir op de Konveniat an d’Heemechtsduerf Préizerdaul ze kommen. Beim Empfank an Éierewäin op der Gemeng huet de Buergermeeschter Marc Gergen der symphatischer Gesellschaft am Detail erklärt, wat esou am Préizerdaul fir all Matbierger verwirklicht gin ass awer och op d’Zukunfstperspektiven higewissen, wat an Zukunft nach Alles an der Gemeng um Programm steet. Allen fréieren Schoulfrënn, huet de Buergermeeschter nach e puer agreabler Stonnen an hirer Heemechtsgemeng gewënscht. Duerno huet jideereen sech den gudden Menü an der „Auberge Roudbaach“och gut schmaache gelooss. Wärend e puer agreabler Stonnen bei flottem Zesummesinn sin nees vill Momenter niewt der Jugend- a Schoulzäit, awer och aus dem aktiven- a passiven Liewen nees opgefrëscht gin. Beim Abschied war Eenegkeet, an der kommender Zäit bei gudder Gesondheet bei esou engem schéinen Treffen sech erëm ze gesin. (CR) (Foto: Charles Reiser)    

                        Kommemoratiounsdag an der Gemeng Préizerdaul

                        Kommemoratiounsdag an der Gemeng Préizerdaul

Och an der Gemeng Préizerdaul ass dest Joer traditiounsgeméiss de Kommemoratiounsdag gefeiert gin. No dem Nidderleeën vu Blumen beim Denkmal ënnert de Kläng vun der sonnerie aux morts, huet de Buergermeeschter Marc Gergen un di vill Evenementer an der Welt erënnert, wou mir hei zu Lëtzebuerg bis haut no 80 Joer nach können am Fridden zesumme liewen. No der d’Gedenkfeier huet d‘Préizerdauler Musik d’Heemecht gespillt. Uschléissend huet de Pater Jean- Jacques Flammang de Gottesdëngst an der schéin gerëschter Kierch, zelebréiert, den vum „Ensemble Vocal Préizerdaul“ mam Organist Francis Glesener, musikalisch verschéinert gouf. Mam Ufänken vu Kerzen um Altoer ass och un die verstuerwen Préizerdauler Matbierger erënnert gin, déi am Krich hirt Liewen fir äis Fräiheet hu missen loossen. Dat waren: Harpes Jempy, Pletschet Alfred, Mangen Alfons, Sibenaler Jempy, Zigrand Aloyse, Besenius Willy, Kousmann Aloyse an Seyler Emile.(CR) (Fotoen: Charles Reiser)

Komplementarwale 14.09.2025

Komplementarwale 14.09.2025

Bei de Komplementarwale vum Sonnden, 14. September 2025 ass d’Esther Triniane vu Proz als 1. Gewielt eraus gaang.

D’Esther wunnt mat sengem Mann zanter 2 Joer zu Proz a schafft als Attachée um Staatsministère.

No senger Vereedegung duerch de Buergermeeschter Marc Gergen ass de Préizerdauler Gemengerot dann elo erëm komplett fir di nächst Aufgaben zesummen unzegoen.

Remise des certificats d’excellence « Drëpsi » – argent pour le  Préizerdaul

Remise des certificats d’excellence « Drëpsi » – argent pour le Préizerdaul

Mat enger Rei Ëmbauaarbechten an eisem Baseng op der Rénk
a nei Regelungstechnik am Waassertuerm huet d’Gemeng
Préizerdaul d’Konditiounen erfëllt fir vum Ëmweltminister
d’Auszeechnung „Drëpsi am Sëlwer“ iwwerreecht ze kréien.
Dëse Label garantéiert eng zouverlässeg Liwwerung vu
qualitativ ganz guddem Drénkwaasser. De Service Technique
iwwerwaacht kontinuéierlech d’Qualitéit vun eisem
Drénkwaasser.

Aller au contenu principal