Adventsfënster Aktioun huet zesummen 2 278 € erabruecht

OP Initiative vun der »commission communale du vivre ensemble interculturel Préizerdaul » hun nit manner wi 14 Matbierger aus der Gemeng un der Adventsfënster- Aktioun deelgeholl. Am Kader vun enger klenger Feierstonn am Gemengesall am Préizerdaul, konnt de Gesamtbetrag vun ëmmerhin 2 277,97 Euro un d’Vereenegung « OSCAR » zu Réiden iwereecht gin. Zugläich war et och de Comité vun « Chez Mani asbl » déi e Scheck vun 500 Euro, den den Erléis vun hirem Stand beim Chrëscht – Trakterëmzug duerch den Daul duerstellt, an och fir de gudden Zweck weider gin hun. Nodeems dat d’Presidentin Lena Hatto vun der kommunaler Intergratiounskommissioun all dene Leit Merci gesoot huet, fir hirt aktiv Matmaachen, huet d’Renée Fischer di zwéi Schecken am Numm vun « OSCARE » mat hirem grousse Merci entgéintgeholl. D’Haaptmissioune vun « OSCARE » mat hirem Büro zu Réiden/Atert , informéieren, beroden a betreien hëllefsbedürftig Persounen, orientéieren se, wann néideg, un déi richtig Servicer a bidde finanziell a materiell Hëllefe souwéi sozial Begleedmoosnamen un, wou dass Suen och ganz wirkungsvoll agesaat gin. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)

Dernière modification le 30/01/2026

Des articles de la même catégorie

PHOTOS – Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026

PHOTOS – Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026

1.Plaz op der Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026! No langer Zäit kéint d‘Coupe mol rem mat Heem! Merci Männer Merci un d’Politiker vun eise Gemengen Réiden & Préizerdaul vir hir Presence! An natirlech e grousse Merci un den FC Biekerech vir d‘Organisatioun vun...

lire plus
Aller au contenu principal