Zënter Juli 2001 ass den offiziellen Numm vun eiser Gemeng « Préizerdaul ». Eis Gemeng regroupéiert d’Uertschaften Biebereg, Platen, Proz a Rëmmereg souwéi d’Horas an d‘Roudbaach. Am Moment huet eis Gemeng 1833 Awunner (Stand 01/2023) an iwwerdeckt eng Fläch vun 15,6 km2, dorënner 250 ha Bësch.

D’Bevëlkerung vun der Gemeng huet sech an de leschte Joeren staark vergréissert duerch de Bau vun neie Lotissementer wéi op der Rénk, am Dielchen, Wollefsheck, rue de la Forge,… Dëst huet e seriösen Impakt op eis Schoulorganisatioun, wat eis virun e puer Joer dozou bruecht huet e grousse Projet ze starten fir en neie Schoulcampus am Zentrum vum Duerf ze bauen. Eis  Maison Relais mat der héichbesichter Schoulkantinn huet am September 2017 hir Dieren opgemaach a kann 148 Kanner ophuelen. D’Dauler Kaul an all aner Spillplaze goufen erneiert; Dir gesitt datt d’Wuelbefannen vun eise Kanner eis wichteg ass.

D’Gemeng Préizerdaul engagéiert sech scho laang fir d’Erhalung vun der Ëmwelt an ënnersträicht och weiderhinn d’Notzung vun erneierbaren Energien: esou versuergt en Heizwärmenetz, dat op Basis vun Holzhackschnitzel fonctionnéiert, déi meescht vun de Gemengegebaier am Zentrum, an zanter 2015 och de Centre culturel an d’Sportshal « Op der Fabrik ». Photovoltaik um Daach vun der Kierch, am Centre culturel oder um Brakegäertchen erlaben d’Produktioun vu Stroum fir de lokale Verbrauch. 2 Wandkraaftanlagen op der Héicht vu Rëmmereg produzéieren Elektrizitéit fir d‘Joresbedürfnisser vun 450 Stéit. Zënter Oktober 2013 huet d’Gemeng och d’Charta vum Klimapakt ënnerschriwwen a gouf 2015 mam Sëlwerpräis zertifizéiert a krut 2018 den « European Energy Award » an der Kategorie GOLD. Aner Konventioune goufen ënnerschriwwen wéi den Naturpakt , de Logement Pakt 2.0 an den « Zesummeliewen » Pakt.

Vill Investitioune goufen och an d’Versuergung an d’Verdeelung vum Drénkwaasser mat enger neier Bueraarbecht an engem neie Reservoir zu Rëmmerbierg gemaach, sou datt d’Gemeng an dësem Dossier praktesch autonom ass.

Dir gesitt, datt am Préizerdaul gutt liewen ass, an doriwwer eraus kënnt Dir als Member vum Syndikat « Réidener Kanton » vun regionalen Infrastrukturen profitéieren, wéi d’Réidener Schwämm, d’Schoul fir Kantonalmusék, de Sportkrees an de Club Senior Atertdaul, den Atert Lycée ALR, asw. Do fannt Dir och all néideg kommerziell Beräicher, an e gutt strukturéiert Busnetz, wat Iech all Stonn an d’Stied Ettelbréck a Lëtzebuerg bréngt. Fir Kontakter opzebauen an Iech besser an eis Gemeng ze integréieren, bidden lokal Associatiounen eng breet Palette un Aktivitéiten un.

Mir suergen dofir datt Dir Iech wuel fillt an dat d’Gemeng Préizerdaul Äert neit Doheem gëtt.

Marc Gergen, Buergermeeschter

Depuis juillet 2001, la dénomination officielle de notre commune est «Préizerdaul». Notre commune regroupe les localités de Bettborn, Platen, Pratz et Reimberg ainsi que les hameaux Horas et Roudbaach. Actuellement la commune compte 1823 habitants (situat. 01/2023) et s’étend sur une superficie de 15,6 km2, dont 250 ha de forêt.

La population de la commune a fortement augmenté ces dernières années suite à la réalisation de nouveaux lotissements comme par exemple les cités « op der Rénk », « am Dielchen », « Wollefsheck », rue de la Forge . Ceci aura un sérieux impact sur notre organisation scolaire, ce qui nous a incité il y a quelques années d’entamer un grand projet pour la construction d’un nouveau campus scolaire au centre du village. Notre Maison Relais avec sa cantine scolaire fortement visitée a ouvert ses portes en septembre 2017 et permet d’y accueillir 148 enfants. La « Dauler Kaul » ainsi que toutes les autres places de jeux ont été renouvelées ; vous voyez que le bien-être de nos enfants nous tient à coeur.

La commune Préizerdaul s’est engagée depuis longue date dans la préservation de l’environnement et a mis l’accent sur l’utilisation des énergies renouvelables : ainsi un réseau de chaleur qui fonctionne sur base de copeaux de bois alimente la plupart des bâtiments communaux au centre, et depuis 2015 également le centre culturel et sportif « Op der Fabrik ». Des installations photovoltaïques au toit de l’église , au centre culturel ou encore au Brakegäertchen permettent la production d’électricité pour la consommation locale. 2 éoliennes sur les hauteurs de Reimberg produisent de l’électricité répondant aux besoins annuels de 450 ménages. Depuis octobre 2013, la commune a également signé la charte du pacte climat et a été certifiée au silver award en 2015 et a remporté le « European Energy Award » dans la catégorie OR en 2018. D’autres conventions ont été signées comme le Pacte Nature, le Pacte Logement 2.0 ainsi que le pacte « Zesummeliewen ».

Beaucoup d’investissements ont été réalisés en matière d’approvisionnement et de distribution en eau potable avec un nouveau forage et un nouveau réservoir à Reimberg de sorte que la commune est pratiquement autonome en cette matière.

Vous voyez qu’il se fait bon vivre dans la commune du Préizerdaul, et au-delà en tant que membre du Syndicat « Réidener Kanton » vous pouvez profiter des infrastructures régionales, telles la piscine de Redange, l’École de Musique cantonale, le Sportkrees et le Club Senior Atertdaul, l’Atert Lycée ALR, etc. Vous y trouverez également toutes les surfaces commerciales nécessaires, et un réseau d’autobus bien structuré qui vous amène toutes les heures vers les villes d’Ettelbruck et Luxembourg. Afin de nouer des contacts et de vous intégrer au mieux dans notre commune les associations locales proposent une panoplie d’activités.

Nous allons faire en sorte que vous vous sentez à l’aise et que la commune de Préizerdaul devienne votre nouveau chez-soi.

Marc Gergen, bourgmestre

La commune en chiffres

  • Naturgemeng 2007, 2011, 2014
  • Hellef fir d’Natur
  • Drëpsi fir proppert Drenkwaasser
  • Prix Nova Naturstroum 2013, 2015
  • Qualitéitslabel SuperDrecksKëscht
  • Klimapakt Gold Zertifizéierung 2018 an Sëlwer 2023
  • Naturpakt Basiszertifizéierung 2023
  • Qualitéitslabel SuperDrecksKëscht
Dernière modification le 14/03/2023
Aller au contenu principal