TEMPS ANCIENS – 1798
1.1 Kelten a Réimerzäit

Un d’Keltenzäit erënneren al Verbindungsweeër, d’Nimm vum Baun, d’Nimm Bettborn a Platen an eent antikt Graf aus der Fréilaténgenzäit. D’Besiidlung vun de Koppen ëm de Préizerdaul ass bewisen duerch e Gëttersteen, Méinzen, Villaen an den Numm Proz.

1.2 Feudalzäit

Am Urbar vun de Grofe vu Lëtzebuerg ass den « Haff Proz » ernimmt, zu deem all d’Vogteie vum Préizerdaul gehéiert hunn déi nit zu Iewerleng, Nojem oder Ell (Siebenborn) gehéiert hunn. Déi Haiser aus dem Préizedaul, déi vum Areler Probst verwault gi sinn hate keng Fräiheeten. Déi Vogteien, déi zu de Grofschaften gehéiert hun, hate beschränkte Fräiheet.

1.3 Kierchlech Struktur

Kierchlech huet de Préizerdaul zur Por Osper gehéiert. Zwëschen de « Kappellekanner » vu Bettborn an dem Paschtouer vun Osper gouf et een Dauersträit ëm d’Verflichtongen fir d’Ofhalen vun enger Sonndesmass an der Kapell zu Bettborn, bedingt duerch de sougenaunten « Lux-Rente ».

1798 – 1814
1798

Den Nic Simon vu Bieberech gëtt provisorische Maire.

1799

Fir d’Klacke virum Zougrëff vun de Fransousen ze retten, baut den Auermécher Martin Straus vu Rëmmereg a Rekordzäit eng Kierchenauer.

1800

Den Notär Tun Knaas, gëtt 1. Maire vun der neigegrënnter Gemeng Bettborn.

1801

Den 1. Gemengerot gëtt ernaunt (10 Memberen).

Becker Theodor, 40 Joer, Bauer, Bieberech
Hac Theodor, 44 Joer, Doléiner, Bieberech
Reiffenberg Nic, 50 Joer, Bauer, Platen
Welter Michel, 40 Joer, Bauer, Rëmmereg
Goedert Nikolaus, 61 Joer, Bauer, Rëmmereg
Schaus Michel, 42 Joer, Bauer, Rëmmereg
Hermes Jean, 36 Joer, Bauer, Rëmmereg
Petges Michel, 43 Joer, Bauer, Proz
Gubin Nikolaus, 56 Joer, Bauer a Fierschter, Proz
Kuhn Henri, 41 Joer, Bauer, Platen

1802

Een neit Kaplounshos an eng nei Schoul gi gebaut. Bieberech gëtt « de facto »- Par an trennt sech vun Osper.

1814 – 1848
Hollänische Régime (1815 – 1830)
1824

Den Urkadaster gëtt opgestault.

1825

An der Bieberecher Schoul gi méi wéi 250 Kanner augeschriwen. Et muss en Hëllefsschoulmeeschter augestault ginn.

1828

D’Kierch muss vergréissert ginn, fir déi 300 Leit opzehuelen, déi an 20 Joer beekoumen

Belsche Régime ( 1830 – 1842 )
1832

Éischt Notizen iwwert e Musiksgrupp (Plinnerchen), déi an der Kierch de Gesaunk begleeden an Daunzmusik spille ginn.

1833

D’Parhos gëtt restauréiert an iwwert der Schoul gëtt en 2. Saul gebaut, fir d’Meedercher.

1836

Ufaunk vum Postbetrib.

1839

Déi éischt Préizerdauler zéien an Amerika.

1840

Zéinter 1840 Schoulbetrib zu Rëmmerich.

1841

Vu Proz zitt den Henri Reimberg no Chicago ( Rousekinnik vu Chicago).

1842

Den Daul kritt 4 Mäert an zu Proz gin 2 Brécke gebaut.

Hollänisch-Lëtzebuergische Régime ( 1842 – 1848 )
1841

Bieberech verléiert de « Match » fir d’Kauntonalhaaptuertschaft ze ginn.

1842

De « belschen » Buergermeeschter Pauly gëtt afgesat an ersat duerch den Henri Rausch.

1847

D’Statsstrooss vu Reechel op Groussbus gëtt gebaut. D`Dauler Dierfer hunn eng besser Verbindung, iwwerall gi Booplazen op. Déi dree Dauler Dierfer récken zesuemen. Zu Uewerplaten gëtt eng nei Bréck gebaut.

1848 – 1945
1848

D’Musikgesellschaft gëtt als 1. Vereen offiziell unerkaunt.

1848

Zu Rëmmerig gëtt eng nei Schoul gebaut. Den Auermécher Martin Straus stierft zu Rëmmerig. Eng nei Bréck verbënnt den Daul mat Foulscht.

1850

Zu Proz an zu Platen ginn néi Brécken opgeriicht.

1852

Den Adam Straus huet eng Uergel gebaut.

1853

Zu Proz an zu Rëmmerig gi Pëtzer gegruewen, well d’Waasser schlecht ass. Déi éischt Schoulkommissioun gëtt ernaunt.

1854

Zu Rëmmerig an zu Proz brécht d’Cholera os. 32 Doudiger an 2-3 Méint. Well de Kierfecht ze kleng ass, muss en néie Kierfecht ugeluecht ginn.

1855

De Fraunz Schweisthal grënnt eng Brauerei am Bieberecher Ritgeshos, bei der Kierch.

1860

D’Kierch gëtt fir d’drëtte Kéier vergréissert.

1863

E Postkutschendingscht vun Ettelbréck op Arel kéint duerch den Daul. Offiziell Grëndong vum Pompjeesvereen

1866

Zu Platen riicht den Phil. Harpes eng Gierwerei aun. D’Famillje Schwebach vu Platen zitt no Amerika. Ee vun hire Jongen (1847-1921) gëtt (1891) Bëschof vun Lacrosse (USA).

1869

Zu Bieberech gëtt eng nei Jongeschoul augeriicht.

1870

D’Schoulschwëstere kommen an den Daul.

1871

Bieberech kritt e Postrelais.
D’Famillje Kellen vu Proz verléisst den Daul fir zu Chicago « Greenhouses » (Zären) opzeriichten.

1874

Zu Rëmmerig gëtt eng Cholerakapellchen opgeriicht.
Zu Bieberech gëtt den ale Kierfecht afgedroen an de Niveau ëm d’Kierch ee Meter mei déif geluecht.

1876

Zu Proz an zu Platen gi Wäschbure gebaut, zu Rëmmerig gin 2 Bure gegruewen an e Wäschbur opgeriicht.

1879

D’Jongeschoul muss vergréissert ginn an e Musikssaul gëtt matgebaut. Op der Horas ginn 2 nei Brécken opgeriicht.

1880

Zu Biebereg gëtt eng Sonndesschoul fir déi grouss Kanner opgeriicht.

1884

De Chouer gëtt un d’Kierch ugebaut an deen alen Deel gëtt restauréiert.

1885

Zu Platen riicht de J.P. Kieffer eng Duchfabrik op, an der d’Maschinne mat Waasserkraaft gedriwwe ginn.

1888

Déi vergréissert Kierch gëtt augeweit. Dat fréiert Schlesseschhos gëtt kaaft an als Paschtoueschhos augeriicht. Dat as haut d’Gemengenhos.

1889

E Postkutschendingscht gëtt a Betrib geholl tëschent Bieberech an Useldeng.

1890

An der Post zu Bieberech gëtt en Telefonsdingscht augeriicht.

1892

Op béide Seete vum Kierchtuer gi kleng Tirem ubruecht. Et gin och zwou nei Klacken ugeschaaft.

1894

De Bëschof Schwebach kéint seng al Heemicht besichen.

1898

Zu Bieberech gëtt eng Molkerei augeriicht.

1900

Proz an Rëmmerig bauen e Schapp fir de Lokalvereen.

1902

Eng « Caisse de crédit agricole et industriel » gëtt augeriicht.

1903

E Spuerkeessdingscht gëtt an der Post augeriicht an de Postkutschendingscht vun Ettelbréck-Bieberech-Réiden-Arel gëtt erëm opgeholl.

1908

Zithaschwëstere grënnen eng Filial zu Platen, duerno établéieren si sich an der Stréissel.

1911

D’Eisebunns-Streck Réiden duerch de Préizerdaul op Ettelbréck gëtt vun der Chamber gestëmmt an d’Laund gëtt opkaaft.

1914

De 17. August brécht de Krich os.

1915

Zu Bieberech gëtt den 1. Fussballsvereen, die schonn zéinter 3 Joer besteet, offiziell gegrënnt.

1916

Den Eisebunnsprojet duerch den Daul gëtt fale gelooss, wëll de Krich den Avantage vum Camion bewisen huet. D’Postkutsch fir op Useldeng gëtt duerch dem « Kueb » säin Autobus ersat.

1915 – 1918

D’Liewensmëttele si knapp.

1918

Nom Waffestëllstaund leie franséisch Truppen 2 Méint laang am Daul am Waunterquartéier.

1914 – 1920

Well et iwwerall un de « Rohstoffe » feelt, hunn d’Leit keng Aarbicht a leiden Honger. D’Gemeng léisst eng Rei Noutstandsaarbichten osféieren fir deenen, déi an der Industrie geschafft hunn, Aarbicht ze ginn. Haaptsächlich gin d’Gemengeweeër an den Dierfer vun 3,5m op 6m erweidert.

1926

Déi 2 Sektioune vu Bieberech a Platen haten 120 Joër laang hir finanziell Suergen zesumme bestridden.
1920 hun déi Plieter d’Frëndschaft gekënnigt. Iewer 1926 ware se frou fir erëm op ee gemeinsame Portmonni zréckzekommen.

1930

Zéinter méi wéi 30 Joer war elo de Problem vun enger Waasserleitong diskutéiert gin, ouni zu engem Resultat ze kommen. Elo gouf et déck Zäit fir eng Entscheedong ze huelen. Déi Rëmmeriger entscheeden sech fir en Uschloss un d’Interkommunal Waaserleitong, déi Préizer fir eng eege Waaserleitong.

1930

‘t ass Krisis, vill Léit hu keng Aarbicht. D’Gemeng léisst de Wee duerch d’Hiehl an de Wauld ëm 3 m méi déif léen. Eng gewaulteg Entreprise fir déi Zäit. Eng grouss Entreprise war och déi nei Stréissel. Zéinter Méint ass d’CEGEDEL am gaang Stäiler opzeriichten an Dréit ze zéien, zu Bieberech beim Bierche gëtt en Transformator gebaut. Chrëschtdag war d’elektrischt Geliichts an allen Haiser.

1932

De Fussballsvereen, dien nom 1.Krich opgehéiert hat, gëtt erëm an d’Liewe geruff.

1938

De Wee no Foulscht gëtt zu enger Strooss osgebaut.

1939

Den 18. Mee feiert den Daul 100 Joer Onafhängegkeet.

NAZI Régime (1940-1944)
1940

Den 10. Mee Invasioun vun däitschen Truppen, nit laang duerno kommen d’Nazien.

1942

Den 30. August Generalstreik. Zu Rëmmerig gëtt de M. Schrenger verhaft a muss fir 3 Méint op Hinzert. Duerno gin d’Jongen augezunn. Ongeféier 30 waren am Daul an zu Rëmmerig verstoppt, 7 sinn der ëmkomm, 2 hunn hiert Liewen an der Miliz gelooss.

1943

Den 1. Januar, de Jempy Harpes stierft u senge Wonnen a Polen. Hie war den 1. Lëtzebuerger, dien an der Wehrmacht gestuerwen ass. D’Familljen Hobes a Beckerich ginn no Schlesien ëmgesidelt.

1944

De 6. Juni landen d’Amerikaner an der Normandie. Den 11. September, op Kiermesméindig passéieren déi éischt Amerikaner am Daul. Den 21. Dezember, dem Generol Patton seng Truppe stoppen d’Preisen zu Proz.

1945

De Leo Fisch an de Lucien Seyler loossen hiert Liewen am Dingscht vun der Miliz

1945 – 1999
1948

Déi Dauler Musik feiert hiert 100järegt Jubiläum.

1954

Och déi Dauler Pompjeeë feieren hiert 100järegt Jubiläum. Déi al Jongeschoul gëtt afgerappt fir e Neiboo mat Festsaul a Gemengesekretariat.

1955

Och déi Rëmmeriger Schoul gëtt am Fong restauréiert.

1956

Déi al Meederchersschoul gëtt ewechgerappt an ersat duerch e modernt Postgebai.

1959

De gebuerene Rëmmeriger Emil Schaus gëtt Minister. Den Dauler Buergemeeschter, Henri Diederich, gëtt an d’Chamber gewielt.

1966

An der Stréissel gëtt dem Geolog Dr Michel Lucius (1876-1961) säi Monument augeweit.

1967

Jumelage mat Bettborn-France.

1968

Déi Dauler Stroosse kréien een Numm, de Kierfecht gëtt ernéiert an déi Bieberecher a Rëmmeriger Schoule ginn zesummegeluecht.

1969

De Préizerdaul kritt eng Gemeinschaftsantenn.

1970

Den Néckel Koob gëtt zum beschte Sportler vum Joer gewielt.

1972

Zu Bieberech gëtt d’Hos Arens afgerappt.

1973

Déi Dauler Musik feiert hiert 125järegt Jubiläum a kritt gleechzeetig een neie Kiosk, op der Plaz vum Arens Hos.

1976

Den Dauler Buergemeeschter an Députéierten Henri Diederich stierft onerwaart. D’Quell beim Préizer Wäschbur gëtt gefaasst.

1978

Déi Dauler Pompjeeë feieren hiert 125järegt Jubiläum.

1979

Et gëtt beschloss, eng Morgue ze bauen. D’Gemeng keeft de Café Emil Weber zu Platen, fir eng Gemengeplaz unzeleeën.

1981

De Préizerdaul kritt een définitive Bebauungsplang.

1982

D’Walsektioune ginn afgeschaaft. Den neie Pompjeesauto gëtt geliwwert, an zu Rëmmerig gëtt de 25. Bäckerpilgerdag bei der Rochus-Kapell gefeiert. Bei dëser Feier gouf och eng nei Klack augeweit.

1983

D’Gemeng keeft di fréier Duchfabrik Kieffer zu Platen. Zu Proz, Platen a Bieberech ginn ëffentlich Plazen amenagéiert. Eng Amiperas-Sektioun gëtt gegrënnt.
De Bier an de Rénert ginn opgeriicht. E « kulturellt » Joer gëtt duerchgefouert.  

1984

Beim Fussballsterrain gëtt eng Spillplaz ugeluecht.

1984

Aus dem Festsaul gëtt ee Sportssaul.
Déi fréier Duchfabrik gëtt kaaft fir doran een Centre Culturel aunzeriichten.
D’Haaptstrooss gëtt komplett erneiert, d’Strooss fir op Rëmmerig gëtt nei geluecht.
D’Waasserleitung zu Rëmmerig gëtt erneiert, eng nei Zouleitung vun der Quell zum Baseng. D’Geschicht vum Daul (2 Bänn) erschéngt.

1986

D’Paschtoueschhos gëtt als Gemengenhos ëmgebaut.
De Kierfecht gëtt vergréissert.
E Saul fir Musik a Gesaunk gëtt augeriicht.

1987

Deen neie Pompjeesboo gëtt zu Platen augeweit.

1988

En neit Lotissement entsteet zu Platen.
E grousse Stuerm mécht grousse Schued.

1989

De Buergemeeschter Emile Calmes gëtt an d’Chamber gewielt. De Fussball feiert säi 75järigt Jubiläum.

1990

Nei Lotissementer zu Platen, Proz an Rëmmerig.
De Service Technique kritt en neit Gebai.

1991

D’Uleeë vun Tennisfelder ass am Gespréich.
De Fussballsterrain gëtt Eegentum vun der Gemeng.

1992

E weidert Lotissement am Kinnewee II.

1994 – 1996

De « Centre Culturel » op der Fabrik gëtt realiséiert.
D’Tennis- an Sportshal gi gebaut.
De Kulturzentrum « Op der Fabrik » gëtt augeweit.
An der Schaunkegriecht erënnert en Denkmal un d’Rundstedtoffensiv 1944.
Op der Routbaach gëtt d’Bréck nei gebaut.
En Téléalarmsystem fir eeler Leit gëtt a Betrib geholl.

1997

D’Tennis- an Sportshal si fäerdig a ginn a Betrib geholl.
E Waasserrad erënnert un d’Millen an d’Fabrik.
D’Schoule kréie Computeren.

1998

D’Ubréngen vun Sonnekollektoren (Centre Culturel, Kierch, Schoul) gëtt diskutéiert.
Am Kiosk gëtt e « Jugendraum » installéiert.
D’Préizerdauler Gemeng participéiert mat 10 Milliounen um Ëm- an Neibau vum Réidener Altersheim.
D’Gemeng Préizerdaul trëtt dem Syndikat « Réidener Schwëmm“ bäi.
Den Tennis-Club Préizerdaul-Réiden gëtt gegrënnt.

1999

An der Post gi Klassenzëmmeren augeriicht.
D’Attertgemengen schléissen sich zesummen am Sënn vun enger « coopération transfrontalière ».
5 nei gewielte Gemengenvertrieder :  Martiny Gilles, Massimiliano Michel, Muller Fernand, Schreiber Luc, Zigrand René

2000 – 
2000

De Fussball kritt eng nei Buvette.
D’Gemeng keeft dat fréiert Altersheim „Kob“ zu Proz.
Beim Waassertuerm zu Rëmmereg gëtt e forage-captage gemeet fir eng nei Waasser-Quell .
De Velosveräin VV Tooltime gëtt gegrënnt.

2001

Duerch d‘Gesetz vum 17. Juli 2001 gëtt d’Gemeng Bettborn offiziel d’Gemeng PRÉIZERDAUL.
D’Education Précoce an d’Opfänkstrukturen funktionnéieren ab der Schoulrentrée.
Et kéint zur Fusioun vum Préizerdauler a Réidener Fussballclub → FC Préizerdaul-Réiden.

2002

D’ONG „Komm Hëllef Mat Préizerdaul“ Asbl gëtt gegrënnt, sou wéi den Institut Géologique Michel Lucius.
200 Joer Gemeng Bettborn gi gefeiert, an d’Gemeng gëtt offiziell a „Préizerdaul“ emgedéeft, mat Millerad als neiem Logo.
De Jumelage mat der Gemeng Bettborn / France besteet säit 35 Joer.
No 37 Joer Schoulmeeschter am Préizerdaul geet de Gust Flammang a Pensioun.
Et gëtt décidéiert eng Photovoltaïque-Anlag um Kierchendach z’installéieren.
Déi éischt Pensionären zéien an dat neit Réidender Altersheim an.

2003

D’Préizerdauler Pompjeeën feieren 150 Joer.
Di renovéiert Spillschoul zu Rëmmereg gëtt ageweiht, sou wéi den neie Schoulhaff mam Précoce an nei Reimlichkéeten an der Primärschoul am Daul.
Am Juli geet di nei Réidener Schwemm op.
De Préizerdaul kritt den „Nova Naturstroum“.
De Préizerdauler Wandpark mat 2 Wandmillen zu Rëmmereg geet a Betrieb.

2004

D‘Holzhackschnitzel-Verbrennungsanlag fir d’Gemeng, d’Schoul, d’Kierch a Privathäiser geet a Betrieb.
D’Pompjeeën kréien een neien TLF, eng Jeep an eng nei Garage.
De Circuit Michel Lucius gëtt ageweiht.
Di langjährig Gemengesekretärin Marie-Louise Eyschen geet a Pensioun, a gëtt ersat vum Roger Gereke.
D’Partnerschaft mat der Gemeng San Agustin am El Salvador gëtt ennerschriwen.
Am Dezember fënnt eng Night Vigil an der Schankegriecht statt, fir un d’Ardennen-Offensiv vu virun 60 Joer ze erënneren.
De Gaart an Heem feiert 75 Joer.

2005

Aweiung vum renovéierten Gebuertshaus vum Dr Michel Lucius.
No de Wahlen gëtt d’Marie-Louise Eyschen nei Schäffin.

2006

200 Joer Par Bieberich.
De Circuit Josy Barthel am Rëmmerbësch gëtt ageweiht.

2007

De Mil Calmes gëtt fir  25 Joer Buergermeeschter vum Préizerdaul geéiert.

2008

Dat renovéiert Gemengenhaus gëtt ageweiht.
De Postbüro zu Bieberig gëtt zou gemeet.
Den Dechen René Fisch stierwt den 06.09.2008.

2009

Eis Schoul kritt offiziell den Numm „Schoul Préizerdaul“.

2010

D’Haaptstrooss zu Platen gëtt erneiert.
De Mil Calmes trëtt no 29 Joer zrëck a gëtt zum « Éierebuergermeeschter“ ernannt.
Neie Buergermeeschter gëtt de Fernand Heyart.

2011

Den neien Schoul-Pavillon gëtt ageweiht.
No 30 Joer fënnt de Rallye de Luxembourg erem am Daul statt.
Den Abbé Fernand Kemmer stierft den 30.11.2011.

2012

Mir kréien 3 nei Gemengeréit: Marc Gergen, Marc Groben, Franz Hilger.
De renovéierten Waassertuerm gëtt ageweiht.
Den neien synthetischen Fussball-Terrain gëtt agweiht.
Eng nei Spillplaz gëtt opgeriicht – Dauler Kaul.
Den Laurent Carnol gëtt Sportler vum Joer 2012.

2013

D’Gemeng Préizerdaul trëtt dem Klima-Pakt bäi.
Een neien ökologischen Parking entsteet am Zentrum vum Duerf , an d’Kapell gëtt op däer neier Plaz opgericht.

2014

25 Joer Amicale vum 3. Alter.

2015

D’Gemeng Préizerdaul gëtt als bescht Klimapakt-Gemeng ausgezeechent.
Den 1. Critérium Néckel Koob gëtt organiséiert.
D’Häiser Petry a Beckerich ginn afgerappt a machen Plaz fir eng nei Maison Relais.
Eng Holzhackschnitzelheizung geet a Betrieb fir d’Fabrik an d’Sportshal zu hëzen.

2016

Straussfeier nei Maison Relais.
Den Néckel Koob stierwt den 22. Oktober 2016.

2017

No de Gemengerotswalen vum 8. Oktober 2017 gëtt de Marc Gergen Buergermeeschter,
de René Zigrand 1. Schäffen an de Marc Gergen 2. Schäffen.
Am Gemengerot vertrueden sinn och nach Mareike Bönigk, François Hilger, Michel Loes,
Fernand Muller, Marc Rehlinger an Tom Schaus.

2018

Am Januar geet di nei Maison Relais op fir 148 Kanner.
Ronderëm d’Schoulgebaier gëtt e Shared Space ageriicht.
De BBC Rebound Préizerdaul feiert säin 25. Gebuertsdag.
Aweiung nei Maison Relais a Shared Space ronderëm d’Schoul den 28. September 2018.
Gold Zertifizéierung am Klimapakt den 5. November 2018 zu Baden bei Wien.

2019

Den 15. Mäerz ass den Ausseminister Jean Asselborn op Besuch am Kader vum Ronnen Dësch.
An der Sitzung vum 7. Juni gëtt de Gemengerot eng iwwerschaffe Versioun vum neie Bebauungsplang op den Instanzewee.
No der Demissioun vum Marc Groben proposéiert de Gemengerot de Marc Rehlinger als neie Schäffen.
De Gemengerot léist sech vun engem spezialiséierte Berodungsbüro ee Masterplang 2035 ausschaffen, woumadder eng
Prioritéitelëscht fir gréisser Infrastrukturaarbechten an der Gemeng festgeluecht get.

 2020

D’Gemeng gëtt Propriétaire vum Haus Schlesser mam Terrain ronderëm.
An der Sitzung vum 28. Februar hëlt de Gemengerot di prinzipiell Decisioun e neie Schoulkomplex ze bauen.
Wéinst der Pandemie vum Covid-19 ginn d’Sitzunge vum Gemengerot an de grousse Sall vun der Fabrik verluecht.
De neie Bebauungsplang gëtt ugeholl am Gemengerot vum 20. November.
An der Sitzung vum 23. Dezember hëlt de Gemengerot eng motion de, deen zur Opléisung vum Schäfferot féiert.
No der Neiwal bleift de Marc Gergen Buergermeeschter, de Fernand Müller gëtt neie Schäffen nieft dem Marc Rehlinger.

2021

Duerch Decisioun vum 20. Mee mécht d’Gemeng beim Klimapakt 2.0 mat.
De Gemengerot stemmt de 25. Juni de Projet vun der Erneierung vun der rue de la fontaine zu Platen fir e Montant vun 640.000 €
Lotissement „Moellesch Pesch“ zu Rëmmerig mat 22 Wunnunitéite gëtt den 22. September am Gemengerot votéiert.
Nieft dem Klimapakt trëtt d’Gemeng och dem Naturpakt an dem Pakt Logement 2.0 bäi.
De Marc Groben demissionéiert als Gemengerot op de 16. Dezember.

 2022

A senger Sitzung vum 18. Mee ënnerschreiwt de Gemengerot d’Klimacharta, mat der d’Gemeng eng Reduzéierung vu 55 %
vu sengem CO2 Ausstouss bis 2030 wëll erreechen, respektiv bis 2050 null Emissioun.
D’Gemeng keeft ee baufällegt Haus zu Proz fir 450.000 € fir hei abordabele Wunnraum ze schafen.
Presentatioun vum Avant-projet vum neie Schoulkomplex duerch den Architekte Büro Ballinipitt.
Lotissement „Ferme Linden“ zu Platen mat 24 Wunnunitéite gëtt de 25. Juli am Gemengerot gutt geheescht.

2023

24. Februar : d’Gemeng Préizerdaul ereecht d’Basiszertifizéierung am Naturpakt
7 Mäerz: Gemeng Préizerdaul gëtt mat Sëlwer am Klimapakt zertifizéiert

Conseils communaux

Élections 1945

  • Agnes Michel, bourgmestre
  • Mangen Jean, échevin
  • Diederich Henri, échevin
  • Schaus Louis Reimberg
  • Harpes J.P. Bettborn
  • Greten Eduard Pratz
  • Weber Henri Platen

Élections 1951

  • Agnes Michel, bourgmestre
  • Mangen Jean, échevin
  • Schaus Louis, échevin 1954  -> Urbain Peter (conseiller)->  Heyart J.P.  2e échevin
  • Diederich Henri
  • Matgen Eugen
  • Mertens Willy

 

Élections 1957

  • Diederich Henri, bourgmestre
  • Heyart J.P. Bettborn, échevin 16.08.1962 -> Jean-Pierre Peschon
  • Calmes Anton Platen, échevin
  • Heyart Marcel Reimberg
  • Schwebach J.P. Platen 24.9.1959 -> Weber Marcel Platen
  • Weber J.P. Pratz
  • Matgen Eugen

Élections 1963

  • Diederich Henri, bourgmestreCalmes Anton Platen, échevin
  • Peschon Jean-Pierre, échevin
  • Heyart Marcel Reimberg
  • Weber Marcel Platen
  • Klein Clement Pratz
  • Matgen Eugen

Élections 1969

  • Diederich Henri, bourgmestre
  • Calmes Antoine Platen, échevin 23.09.1971 -> Antony Albert
  • Heyart Marcel Reimberg, échevin
  • Seyler Jules, échevin
  • Klein Clement
  • Peschon Ferdy
  • Matgen Eugène

Élections 1975

  • Diederich Henri, bourgmestre 07.06.1976 ->Seyler Jules
  • Klein Clement, échevin
  • Matgen Jules, échevin
  • Ruppert Pierre
  • Peschon Ferdy
  • Antony Albert ->12/1976 Trierweiler Nic

Élections 1981

  • Calmes Mil, bourgmestre
  • Matgen Jules, échevin
  • Ruppert Pierre, échevin
  • Klein Clement
  • Petry Ed
  • Trierweiler Nic
  • Seyler Jules 06.05.1982-> Weber Victor

Élections 1987

  • Calmes Mil, bourgmestre
  • Trierweiler Nic, échevin
  • Petry Ed, échevin
  • Matgen Jules
  • Ruppert Pierre
  • Weber Victor
  • Heyart Fernand

Élections 1993

  • Calmes Mil, bourgmestre
  • Trierweiler Nic, échevin 31.12.1996-> Heyart Fernand
  • Petry Ed, échevin 31.12.1996 -> Matgen Jules
  • Matgen Jules
  • Ruppert Pierre
  • Weber Victor
  • Heyart Fernand

Élections 1999

  • Calmes Mil, bourgmestre
  • Heyart Fernand, échevin
  • Matgen Jules 31.12.2002-> Schreiber Luc, échevins
  • Weber Victor
  • Muller Fernand
  • Massimiliano Michel
  • Martiny Gilles
  • Zigrand René

Élections 2005

  • Calmes Mil, bourgmestre -> 01.10.2010 Fernand Heyart
  • Heyart Fernand, échevin
  • Eyschen-Antony Marie-Louise, échevin
  • Matgen Jules
  • Schreiber Luc
  • Muller Fernand
  • Massimiliano Michel
  • Martiny Gilles
  • Zigrand René

Élections 2011

  • Heyart Fernand, bourgmestre
  • Martiny Gilles, échevin
  • Hilger François (3 ans), Gergen Marc (3 ans), échevins
  • Zigrand René
  • Schreiber Luc
  • Muller Fernand
  • Groben Marc
  • Eyschen-Antony Marie-Louise

Élections 2017

  • Gergen Marc, bourgmestre
  • Zigrand René, échevin -> 22.01.21 Muller Fernand
  • Groben Marc (2 ans), Rehlinger Marc, échevins
  • Bönigk Mareike
  • Hilger François
  • Loes Michel
  • Muller Fernand
  • Schaus Tom

Élections 2023

  • Gergen Marc, bourgmestre
  • Rehlinger Marc, échevin 
  • Muller Fernand, échevin
  • Bintener Max
  • Bönigk Mareike
  • Colamonaco Enzo
  • Hilger François
  • Schaus Tom
  • Zigrand René
BETTBORN OU PRÉIZERDAUL

01. Afgesi vun e puer am Préizerdaul geleeëne Vogteien, déi den Herrschafte vun Iewerléng, Ell oder Nojem gehéiert hunn, huet de gaunze Préizerdaul an der Feudalzäit zur « Propstei » Arel gehéiert, déi et fir de Landesfürst ënnert der Bezeechnung  » Haff Proz  » verwault huet.

02. Während Proz a Platen réimischen Ursprongs sinn, war Rëmmerig eng fränkisch Siidlung. Eng Uertschaft Bettborn gouf et weder an der réimischer nach an der fränkischer Zäit. An der Keltenzäit gouf et do e Göttersteen a Verbindung mat engem Pëtz (Bur), wou méiglicherweis di dräi « Beten » veréiert gi sinn. Dëst ka vläicht eng Erklärung fir d’Bezeechnung Bet-born sinn. Am 7. Joerhonnert gouf do eng Kapell opgeriicht, déi der Muttergottes geweiht war. Réischt géint Ufaunk vum 2. Joerdausend sinn e puer Haiser bei der Kapell gebaut ginn.

03. Datt ënnert franséischer Herrschaft de Préizerdaul zu enger Agence erhuewe gouf mam Numm « Bettborn », war puren Zoufall. Op der Sich no engem Munizipalitéitskommissär krut den Anton KNAAS, en Notär os der Ëmgéigend dëst Amt ugebueden. De Knaas hat sich, kuerz nodeem d’Fransousen erschingen sinn, no bei der Kierch een Hos gebaut, dat en och als Sëtz vun der « Agence » benotzt huet. Domat war de Préizerdaul, d’Agence Bettborn zoustännig fir déi 3 Dierfer vum Préizerdaul, Proz, Platen a Rëmmerig. Well deeselwichte Notär ënnert napoleonischem Régime och zum Buergemeeschter ernaunt ginn ass, huet hien d’Bezeechnung « Gemeng Bettborn » bäigehalen. Dat war souguer gaunz verstännig, well Bettborn zwar e bësse méi no u Platen louch, awer bal op gläicher Distaunz tëschent Proz a Rëmmerig. Di zwou Sektiounen haten e wäitverspreete Bëschbesëtz, wat e groussen Afloss hat op d’Gemengesteieren a fir muench Differenzen tëschent den 3 Sektioune gesuergt huet. Well Platen a Bieberech als eng eenzig Sektioun ugesi goufen, huet all Sektioun säint Eegeliewen gefouert a seng eegen Interesse verteidigt. Zesummen gehéiert huet den 3 Sektioune vun 1806 un d’Porkierch, di 1831 erbauten Schoul an dat un d’Schoul ugebaute Porhos.

04. D’Joren 1847 an 1848 hu vill derzou bäigedroen, datt d’Dauldierfer méi no zesummegeréckt sinn. Am Joer 1847 gouf d’Deelstéck (Räichel – Groussbus) vun der neier Laundstrooss gebaut, déi Arel mat Ettelbréck verbannen soult. Dës Verbindung ass der Längt no duerch de gaunze Préizerdaul gelaf an huet Platen, Bieberech a Proz matenee verbonnen. Laanscht di nei Strooss gouf vill gebaut, well d’Baulaund bëllig ze kréie war. Doduerch goufen di « Lücken » tëschent den dräi Dauldierfer opgefëllt, sou datt dës dräi Dierfer no a no e Gaunzt gebild hunn, de « Préizerdaul ». Wéi am Joer 1848 Versammlungsfräiheet gewährt gouf, si Veräiner, déi scho bestanen hunn wéi Kierchechouer a Musik un d’Ëffentlichkeet getrueden, anerer wéi d’Poumpjeeën sinn nei gegrënnt ginn. So sinn d’Méinschen och méi no zesummengeréckt an hunn de Begrëff « Préizerdaul » mat Liewen erfëllt. Bieberech huet sëch vergréissert an huet sëch a Richtung Rëmmerig osgedeent. Rëmmerig selwer hat sëch och wëll eng Verkierzung zur Kierch an zur Schoul zu Bieberech als Kierchepad ugeluecht. Domatter war d’Zougehéirigkeetsgefill zum Préizerdaul och bei de Rëmmeriger gewuess.

05. Ween elo déi an Amerika erschingen « Luxemburger Gazette » duerchkuckt, mierkt datt di vill Oswanderer vu Rëmmerig an denen aneren Dierfer, sëch ni als Platener, Rëmmeriger oder Prozer, mee ëmmer als Préizerdauler bezeechent hunn.

06. Wéi de Gemengerot virun e puer Joer décidéiert huet, di dräi Walsektiounen zesummenzeleeën, war et un der Zäit, elo och der allgemeng benotzter Bezeechnung « Préizerdaul » eng rechtlich Grondlag ze ginn.

07. Wéi der wësst hat de Statsrot en negativen Avis zu dësem Projet afginn, mat dem Argument, datt de Numm « Préizerdaul » nëmmen eng Regioun bezeechent, an nit d’Gemeng oder di eenzel Dierfer. Lo gëtt et awer bei eis eng gaunz Rei Uertschaften, déi « daul » an hirem Numm hunn, ouni domat eng Regioun, mee d’Duerf an d’Méinsche bezeechnen. Sou get ët e Pafendaul, e Féinsterdaul, e Blummendaul, e Mariendaul, e Reckendaul an e Mëllerdaul. Aner Dierfer a Gemengen hunn als Unhängsel « wald » oder « bach » an hirem Numm a bezeechnen domat méi wéi nëmmen e Bësch oder eng Baach.

08. Weiderhin argumentéiert de Statsrot, datt de Gesetzprojet nit fähig ass, eppes zum Zesummengehéirigkeetsgefill oder der Lokalidentitéit bäizedroen. Gaunz am Géigendeel, di gemeinsam Uertsbezeechnung « Préizerdaul » hëlt de Sektiounen näischt ewech, mee si verstäerkt esouguer nach d’Zesummeschaffen tëschent de 4 Uertschaften. Ausserdeem verréit di Identifizéirung mam Begrëff  » Préizerdaul  » och eppes vum Stoulz vun den Préizerdauler op hir gemeinsam Heemicht an zugläich op d’Besonderheet vun hirer lokaler Moundart, wéi si am Wuert « daul » aplaz vun « dall » zum Osdrock kéint.
Vläicht ass de Statsrot opground vun dësen Erklärunge bereet, säint negatiivt Urteel ze revidéieren an dem Wounsch vun alle « Préizerdauler » zouzestëmmen ?

09. Schlussendlich ass de Gesetzesprojet dach nach duerchgangen, an den Numm Préizerdaul ass elo duerch d’Gesetz vum 17. Juli 2001 veréiwegt ginn. No senger Publikatioun am Memorial den 6. August 2001 bleift awer elo nach vill Aarbicht, den neien offiziellen Numm an d’Welt ze propagéieren.

Dernière modification le 07/03/2024
Aller au contenu principal