Et ass schon eng Weilchen hier, dat di fréier Schüler a Schülerinnen vun de Joergäng 1944 bis 1950 aus dem Préizerdaul sech getraff hun. Duefir war et nees un der Zäit fir esou engt Treffen ze organiséieren. Fir Samsdes, den 22. November huet d’Marie- Louise Eyschen- Antony och häerzlich agelueden fir op de Konveniat an d’Heemechtsduerf Préizerdaul ze kommen. Beim Empfank an Éierewäin op der Gemeng huet de Buergermeeschter Marc Gergen der symphatischer Gesellschaft am Detail erklärt, wat esou am Préizerdaul fir all Matbierger verwirklicht gin ass awer och op d’Zukunfstperspektiven higewissen, wat an Zukunft nach Alles an der Gemeng um Programm steet. Allen fréieren Schoulfrënn, huet de Buergermeeschter nach e puer agreabler Stonnen an hirer Heemechtsgemeng gewënscht. Duerno huet jideereen sech den gudden Menü an der „Auberge Roudbaach“och gut schmaache gelooss. Wärend e puer agreabler Stonnen bei flottem Zesummesinn sin nees vill Momenter niewt der Jugend- a Schoulzäit, awer och aus dem aktiven- a passiven Liewen nees opgefrëscht gin. Beim Abschied war Eenegkeet, an der kommender Zäit bei gudder Gesondheet bei esou engem schéinen Treffen sech erëm ze gesin. (CR) (Foto: Charles Reiser)
Geselligt Treffen vun de Joergäng 1944 bis 1950 aus dem Préizerdaul
Dernière modification le 26/11/2025
Des articles de la même catégorie
Meefeier mat GV Amicale Pompjeeën Préizerdaul
Am Virfeld vun hirer desjähriger Generalversammlung, huet d’Amicale vun de Pompjeeën Préizerdaul um Dag vum 1. Mee traditiounsgeméiss de Meekranz, gerëscht mat frëschem Laf, fir duerno um Emblem vun de Pompjeeën bei hirem Bau zu Platen opzehänken. No desem Event sin...



