Di hëlleg Caecilia, Schutzpatrounin vun de Musikanten a Sänger gëtt all Joer och landesweit gefeiert. Och am Préizerdaul ass dest Joer am Kader vun enger Owendsmass, zelebréiert vum Jacques Bagnoud desen Dag gefeiert gin. Fir den musikalischen Encadrement vun der Mass huet di Préizerdauler Musik gesuergt wärend den Ensemble Vocal Préizerdaul zum gesanglichen Deel vun deser Eucharistiefeier beigederoen huet. Beim traditionellen Banquet op der Roudbaach huet de President vun der Préizerdauler Musik, Franz Hilger, drop gehaalen fir allen Musikantinnen a Musikanten mam Virstand a Leit di dat ganzt Joer och benevol ganz aktiv waren, säin oprichtige Merci ausgesprach. Mat besonnescher Freed konnt di nei Musikantin an zugläich och neie Member am Gemengerot, Triniane Esther, och häerzlich begréisst gin. Den neien Startmusikanten ass och vill Freed an Ausdauer bei der Musik gewënscht gin. De Jean- Paul Kinnen, als Delegéierten vun der UGDA huet d’Gléckwënsch vum Zentralcomité vum Verband, der Préizerdauler Musik iwerbruecht an hir an Zukunft mat hirer Jugend weiderhin Zesummenhaalen a Freed mat schéiner Musik an der Gemeng mat op hire Wee gin. Weiderhin huet hien een Opruff gemeet fir sech an de Comité vun der UGDA ze mëllen fir an Zukunft di fräi Plaatzen och können nei ze besetzen. No sengen bäschten Gléckwënsch si folgend langjährig Musikantinnen a Musikanten mat UGDA- Auszeechnungen geéiert gin: de Félix Muller an d’Sarah Els- Lagodny hun eng „medaille de mérite“ en bonze fir 10 Joer ugespëngelt kritt. D’Vizepresidentin Carine Zuang an d‘Jenny Lopes (entschëllegt), béid schon 20 Joer Musikantin, fir si gouf et eng „médaille de mérite en argent“. De Max Els ass fir 30 Joer an der Musik mat der „médaille de mérite en vermeil“ dekoréiert gin. De René Lanners schon zënter 40 Joer aktive Musikant ass mat der „médaille en vermeil avec palmettes“ geéiert gin. Schon 50 Joer laang ass d’Lucia Albergo bei der Préizerdauler Musik aktiv an ass mat der „médaille de mérite en argent Grand- Duc Adolphe“ ausgezeechent gin. Am Numm vun der Gemeng Préizerdaul huet de Schëffen Fernand Müller der Préizerdauler Musik mat dene Geéierten di allerbëschte Gléckwënsch verbonnen mat engem grousse Merci fir d’Engagement iwerbruecht. (CR) (Foto: Charles Reiser)
Caeciliefeier mat Éierung vu langjährige Musikanten am Préizerdaul
Dernière modification le 26/11/2025
Des articles de la même catégorie
AVIS zum Drénkwaasser fir muer 3/12/2025
Wéinst Aarbechten um Réseau betrëfft et ganz Rëmerech , cité op der Rénk an d'Haiser nr 30 -54, rue de Reimberg
De Charles Reiser: Alldagsheld aus dem Wëlle Westen
Weg op d'Bild oder de Link klicken



