Och an der Gemeng Préizerdaul ass dest Joer traditiounsgeméiss de Kommemoratiounsdag gefeiert gin. No dem Nidderleeën vu Blumen beim Denkmal ënnert de Kläng vun der sonnerie aux morts, huet de Buergermeeschter Marc Gergen un di vill Evenementer an der Welt erënnert, wou mir hei zu Lëtzebuerg bis haut no 80 Joer nach können am Fridden zesumme liewen. No der d’Gedenkfeier huet d‘Préizerdauler Musik d’Heemecht gespillt. Uschléissend huet de Pater Jean- Jacques Flammang de Gottesdëngst an der schéin gerëschter Kierch, zelebréiert, den vum „Ensemble Vocal Préizerdaul“ mam Organist Francis Glesener, musikalisch verschéinert gouf. Mam Ufänken vu Kerzen um Altoer ass och un die verstuerwen Préizerdauler Matbierger erënnert gin, déi am Krich hirt Liewen fir äis Fräiheet hu missen loossen. Dat waren: Harpes Jempy, Pletschet Alfred, Mangen Alfons, Sibenaler Jempy, Zigrand Aloyse, Besenius Willy, Kousmann Aloyse an Seyler Emile.(CR) (Fotoen: Charles Reiser)
Kommemoratiounsdag an der Gemeng Préizerdaul
Dernière modification le 05/01/2026
Des articles de la même catégorie
PHOTOS – Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026
1.Plaz op der Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026! No langer Zäit kéint d‘Coupe mol rem mat Heem! Merci Männer Merci un d’Politiker vun eise Gemengen Réiden & Préizerdaul vir hir Presence! An natirlech e grousse Merci un den FC Biekerech vir d‘Organisatioun vun...
Autosseenung zu Éieren vun Notre Dame de la route am Préizerdaul
Et gehéiert schon säit ville Joeren zur schéiner Traditioun am Préizerdaul fir all Gefierer ze seenen. Esou och dest Joer, wou um Samsden vum 4. Juli , d'Owesmass an der Préizerdauler Kierch zu Éieren vun Notre Dame de la route, zelebréiert vum Abbé Vincent Billot a...



