
Wat fir eng impressionant Course bei der Cyclocross EM zu Zeddam!
Mat onheemlechem Kampfgeescht, grousser Entschlossenheet an enger aussergewéinlecher sportlecher Leeschtung huet d’Marie Schreiber begeeschtert an ass als Éischt iwwer d’Arrivée gefuer.
Onofhängeg vun der uschléissender Decisioun an der offizieller Plazéierung bleift dës Leeschtung e ganz besonnesche sportlechen Erfolleg, deen eisen grousse Respekt verdéngt.
𝐃’𝐆𝐞𝐦𝐞𝐧𝐠 𝐏𝐫é𝐢𝐳𝐞𝐫𝐝𝐚𝐮𝐥 𝐠𝐫𝐚𝐭𝐮𝐥é𝐢𝐞𝐫𝐭 𝐝𝐞𝐦 𝐌𝐚𝐫𝐢𝐞 𝐒𝐜𝐡𝐫𝐞𝐢𝐛𝐞𝐫 𝐯𝐮 𝐠𝐚𝐧𝐳𝐞𝐦 𝐇ä𝐞𝐫𝐳𝐞𝐧 𝐳𝐮 𝐝ë𝐬𝐞𝐫 𝐟𝐚𝐧𝐭𝐚𝐬𝐭𝐞𝐬𝐜𝐡𝐞𝐫 𝐋𝐞𝐞𝐬𝐜𝐡𝐭𝐮𝐧𝐠!



