Vill fleissig Hänn bei der Grousser Botz am Préizerdaul                      

Préizerdaul:  Wéi et schons säit Joeren virun Ouschteren zur Traditioun gehéiert, hat d’Gemeng Préizerdaul an Zesummenarbicht mam lokalen Syndicat d’initiative, fir e Samsden, den 21. Maërz  op di grouss Botz an der Gemeng invitéiert. Bei guddem Fréijoerswieder haaten sech nees vill asaatzfreedig a fräiwëlleg Matbierger , Veräiner, Vertrieder vun der Gemeng mat den Arbichter vum technischen Service , sech Zäit geholl, fir d’Uertschaften Bieberich, Horass, Platen, Proz, Roudbaach a Rëmmerich bei deser Botzaktioun, d’Natur vu jeglichem mutwëlleg entsuergtem Drëck, ze befreien. Gläich am Ufank huet de Buergermeeschter Marc Gergen op d’Wichtigkeet vun deser Aktioun higewissen an och jiderrengem Merci gesoot fir d’Matmaachen. No deser grousser Botz können di Préizerdauler Matbierger weiderhin op eng schéin a propper Gemeng och ganz houffrig sin. Duerno ass no virgezeechnetem Plang di ganz Gemeng duerchkämmt gin, fir dann zum Schluss am der Buvette vum Kulturzenter bei engem deftigen Teller Spaghetti an engem sëffige Patt mat engem Stéck Streisel a Kaffi als Merci e puer agreabel Momenter zesummen können ze verbrëngen. (CR) (Foto: Charel Reiser)

Dernière modification le 24/03/2026

Des articles de la même catégorie

PHOTOS – Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026

PHOTOS – Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026

1.Plaz op der Coupe de la Vallée de l‘Attert 2026! No langer Zäit kéint d‘Coupe mol rem mat Heem! Merci Männer Merci un d’Politiker vun eise Gemengen Réiden & Préizerdaul vir hir Presence! An natirlech e grousse Merci un den FC Biekerech vir d‘Organisatioun vun...

lire plus
Aller au contenu principal